Luxchat

FAQ

FAQ

Point-logo
Point-logo
Point-logo

Luxchat ass e Service, deen et senge Benotzer erméiglecht, zu zwee oder zu e puer Persounen op eng direkt, sécher a vertraulech Manéier ze kommunizéieren. De Service ass gratis, ouni Reklammen an ouni Notzung vun de perséinlechen Donnéeë vun de Benotzer, sou datt hir Privatsphär optimal geschützt ass.

Luxchat ka vun de Lëtzebuerger Residenten, vu Frontalieren a vun den Entreprisë benotzt ginn.

D’Prestatairë vum Luxchat-Déngscht sinn an enger éischter Phas:

Mir hoffen, datt nach aner Prestatairen nokommen.

Jo, mat Luxchat sinn all Kommunikatiounen Enn-zu-Enn-verschlësselt.

D’Noriichten an déi ugespéngelt Fichiere ginn a verschlësselter Form op de séchere Servere vun de Luxchat-Prestatairë gespäichert. Absolut keen ausser Iech selwer an de Leit, mat deenen Dir kommunizéiert hutt, kann Är Noriichten an déi ugespéngelt Fichiere liesen. Weeder d’Prestatairen nach iergendeng aner Persoun kënnen Är Echangë liesen.

Luxchat ass op iOS, Android, Windows, macOS an am Web verfügbar.

Jo, et ass méiglech, Luxchat op verschiddene Geräter gläichzäiteg ze benotzen.

  • Luxchat ass fir d’Bevëlkerung, d’Frontalieren an d’Entreprisë geduecht.
  • Luxchat4Gov ass fir de beruffleche Gebrauch vun de Mataarbechter aus dem ëffentleche Secteur geduecht.

Luxchat a Luxchat4Gov ginn op getrennten IT- an Datespäicherinfrastrukture bedriwwen.

Am Kader vum Projet Luxchat sinn d’IT- an Datespäicherinfrastrukturen dezentraliséiert, si ënnerstinn der Opsiicht vun deene verschiddene Prestatairen a si vum Luxchat4Gov-Déngscht, deen de Mataarbechter aus dem ëffentlechen Déngscht virbehalen ass, getrennt.

Jo, d’Donnéeë vu Luxchat a vu Luxchat4Gov hunn dee selwechte Sécherheetsniveau.

Nee, d’Prestatairë vu Luxchat hu keen Zougrëff op Är Geolokalisatioun. D’Luxchat-Applikatioun kann awer, wann Dir dat an den Astellunge vun Ärem Telefon erlaabt, op Är Geolokalisatioun zougräifen, an zwar ausschliisslech fir den Zweck, datt Dir enger oder e puer Persounen, mat där/deenen Dir kommunizéiert, Äre Standuert schécke kënnt. D’Geolokalisatiounsinformatioun ass verschlësselt, genee ewéi déi aner Noriichten, déi Dir op Luxchat schéckt a kritt.

  • Klickt op Ären Avatar (Foto) a wielt de Menü „Paramètres utilisateur” (Benotzerastellungen) aus.

  • Klickt op „Sécurité” (Sécherheet).

  • Klickt op „Configurer” (Konfiguréieren).

  • Klickt op „Continue with LuxID” (Mat LuxID weiderfueren).

  • Gitt Äre LuxID-Benotzernumm an Äert Passwuert an, klickt dann op „Se connecter” (Aloggen).

  • Gitt de Code, deen Dir per SMS krut, an, klickt dann op „Suivant” (Weider).

  • Klickt op „Fermer” (Zoumaachen).

  • Duerchlaaft déi verschidden Etappe fir d’Verschlësselungspasswuert ze kreéieren.

 

Den Inhalt vun Äre Kommunikatiounen a verschlësselter Form gëtt spéitstens 12 Méint nom Verschécke vun ugespéngelte Fichieren (Sproochnoriichten, gedeelte Fotoen a Videoen) automatesch vum Server vun Ärem Luxchat-Prestataire geläscht. Bei Textnoriichte läit dësen Delai bei 24 Méint an dat onofhängeg dovunner, ob Äre Kont aktiv oder desaktivéiert ass.

Fir méi Informatioune liest wgl. d’Informatiounsfiche fir d’Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën op der Websäit https://luxchat.lu/app-privacy-policy/

Déi pro Benotzer zougeloosse Späichercapacitéit läit bei 0,5 GB (dat entsprécht ongeféier 100 Fotoe vu 5 MB). Wann déi pro Benotzer zougeloosse Späichercapacitéit iwwerschratt ass, behält Äre Luxchat-Prestataire sech d’Recht vir, déi eelst Noriichten an ugespéngelt Fichieren, déi iwwer déi zougeloosse Späichercapacitéit erausginn, ze läschen.