Luxchat

Luxchat

SÉCHER A VERTRAULECH

MAT

KOMMUNIZÉIEREN

SÉCHER A VERTRAULECH MAT KOMMUNIZÉIEREN

Luxchat, d'Lëtzebuerger Instant Messaging-Léisung

Luxchat, d’Lëtzebuerger Instant Messaging-Léisung

De Luxchat-Déngscht fir Privatleit a Betriber gëtt vun enger Communautéit vu private Lëtzebuerger Entreprisë mat der Ënnerstëtzung vun der Chambre de Commerce zur Verfügung gestallt a finanzéiert, wärend et sech bei Luxchat4Gov ëm e professionellt Instrument handelt, dat de Staat de Mataarbechter vum ëffentleche Secteur zu Lëtzebuerg zur Verfügung stellt.

Luxchat fir Privatleit a Betriber gëtt benotzt, fir datt zwou oder méi Persounen op eng direkt, sécher a vertraulech Manéier matenee kommunizéiere kënnen. Dës Léisung ass gratis, ouni Reklammen, et gi keng perséinlech Donnéeë benotzt an d’Privatsphär vun de Benotzer gëtt respektéiert.
Luxchat gëtt zu Lëtzebuerg bedriwwen a fir eng maximal Sécherheet ze garantéieren, sinn d’Kommunikatiounen Enn-zu-Enn-verschlësselt.
D’Benotzer kënnen Textnoriichten, Dokumenter, Fotoen a Videoen an individuellen oder Gruppen-„Chatrooms” deelen. Si kënnen och en anere Benotzer mat oder ouni Video uruffen, hir geografesch Positioun deelen a villes méi.
De LU-CIX, d’Chambre de Commerce an de Ministère fir Digitaliséierung hu sech zesummegeschloss, fir Luxchat fir d’Privatleit (déi ganz Bevëlkerung an d’Frontalieren) an d’Entreprisen ze lancéieren.
Luxchat4Gov ass de professionellen Instant Messaging-Déngscht fir d’Mataarbechter aus dem ëffentleche Secteur, dee vum Staat zur Verfügung gestallt gëtt. Luxchat4Gov gëtt zu Lëtzebuerg bedriwwen, a fir eng maximal Sécherheet ze garantéieren, sinn d’Kommunikatiounen Enn-zu-Enn-verschlësselt. D’Mataarbechter aus dem ëffentleche Secteur kënnen Textnoriichten, Dokumenter, Fotoen a Videoen an individuellen oder Gruppen-„Chatrooms” deelen. Si kënnen och en anere Benotzer mat oder ouni Video uruffen, hir geografesch Positioun deelen a villes méi.

Funktionalitéiten

Text- a Sproochnoriichten

Audio- a Video-Uriff tëschent zwou Persounen

„Chatrooms” fir zwou oder méi Persounen

Fotoen, Videoen an aner Fichiere verschécken

Standuert deelen (geoportail.lu)

Emojis benotzen

Eng verschéckten Noriicht änneren

Eng Noriicht läschen

Enn-zu-Enn-Verschlësselung

Keng Reklammen

Keng Vermaartung vu Benotzerdaten

Keen Tracking vun Ärem Standuert

Zu Lëtzebuerg gehost a bedriwwen

Enn-zu-Enn-Verschlësselung
Keng Reklammen
Keng Vermaartung vu Benotzerdaten
Keen Tracking vun Ärem Standuert
Zu Lëtzebuerg gehost a bedriwwen

Initiéiert an ënnerstëtzt vun

Ënnerstëtzt vun

Technesch Partner

Luxchat4Gov ass zënter Mee 2023 op alle Plattformen a Betrib.

Luxchat fir Privatleit a Betriber ass op iOS, Android, Windows, macOS an am Web disponibel.