Luxchat

Technesch detailer

TECHNESCH DETAILER

Point-logo
Point-logo
Point-logo

Luxchat4Gov a Luxchat fir Privatleit a Betriber sinn national interoperabel Messenger-Déngschter, déi op der Matrix-Technologie baséieren.

Matrix ass en oppene standardiséierte Protokoll fir Direktkommunikatioun, dee vun enger grousser, gréisstendeels europäescher Communautéit entwéckelt gouf a vun enger Stëftung, The matrix.org Foundation, ënnerstëtzt gëtt, wouduerch de Fortbestand vun de wichtegste Prinzippien a Grondlage vun der Matrix-Technologie séchergestallt ass.

Fir d’Sécherheet vun den nationale Kommunikatiounen an den Datenzenteren zu Lëtzebuerg ze garantéieren, erméiglecht eng Technologie wéi Matrix, déi op oppene Standarden a gratis Software baséiert, eng komplett Autonomie vum Land a punkto Sécherheet an Datemanagement, woubäi gläichzäiteg garantéiert ass, datt se fir all anere System, deen op Matrix baséiert, oppen an domat interoperabel ass.

Luxchat4Gov a Luxchat fir Privatleit a Betriber si personaliséiert Applikatiounen, déi op der Basis vun engem „Fork” vun der Applikatioun Element FOSS https://element.io/ entwéckelt goufen.

Déi dezentraliséiert national Messenger-Déngschter Luxchat4Gov a Luxchat fir Privatleit a Betriber sinn opgrond vun hire „Federatiounsfunktionalitéiten” (vergläichbar mam Fonctionnement vum E-Mail-System) interoperabel. Dëst ass e Bestanddeel vun hirer DNA a garantéiert d’Souveränitéit vun de Kommunikatiounen an den Donnéeë vun de Benotzer.

D’Federatioun an d’Dezentralisatioun si Viraussetzunge fir d’Ariichte vun nationale Messenger-Déngschter, déi souwuel déi intern Besoine vun de Servicer vum Staat wéi och déi vun de Privatleit an den Entreprisen erfëllen. All Acteur behält säi Responsabilitéitsberäich a punkto Sécherheet an Datemanagement an ënnerläit deene selwechten nationale Reegelen a Gesetzer.

D’Enn-zu-Enn-Verschlësselung, den Asaz vun der Matrix-Technologie an d’Dezentralisatioun garantéieren, datt d’Messagerië Luxchat4Gov a Luxchat fir Privatleit a Betriber mat dem héchsten Niveau vu Sécherheet a Vertraue bedriwwe kënne ginn.

Méi Informatiounen iwwer de Luxchat-Ekosystem fannt Dir op der Säit Ekosystem.