Luxchat

Hëllef an Ënnerstëtzung

HËLLEF AN ËNNERSTËTZUNG

HËLLEF AN ËNNERSTËTZUNG

Point-logo
Point-logo
Point-logo

Am Internet gëllen, genee ewéi am richtege Liewen, Gesetzer, an dës musse respektéiert ginn. Och de Respekt géintiwwer vun anere Persounen ass e fundamentaalt Konzept beim Ëmgang mat Online-Kommunikatiounsinstrumenter.

Wann Dir mat Situatioune konfrontéiert sidd ewéi Cybermobbing, Handelsmëssbrauch, illegalen Inhalter asw., ginn et Tools, fir Iech ze hëllefen.

BEE SECURE Helpline

D’Helpline vu BEE SECURE (Tel.: 8002 1234) ass eng gratis, anonym a vertraulech Helpline fir all Bierger am Beräich vun der Online-Sécherheet. Si befaasst sech mat perséinlechen Tëschefäll wéi z. B. Ugrëffer op d’Perséinlechkeet, Cybermobbing, Handelsmëssbrauch, Falschinformatiounen („Hoax”) asw. D’Persounen, déi op dës Helpline uruffen, kréien eng personaliséiert Hëllef an Ënnerstëtzung gebueden.

D’Helpline ass vu méindes bis freides vun 9 bis 16 Auer disponibel a kann nëmmen iwwer de lëtzebuergesche Reseau erreecht ginn.

Alternativ kënnen d’Bierger sech och schrëftlech iwwer dëse Kontaktformular un d’Ekipp vun der BEE SECURE-Helpline wenden. Mir weisen drop hin, datt dës Kontaktoptioun net vertraulech an net anonym ass.

BEE SECURE Stopline

Iwwer d’BEE SECURE Stopline kënne Bierger anonym a vertraulech dräi verschidde Kategorië vun illegalen Inhalter, déi um Internet verbreet ginn, mellen:

– Inhalter betreffend sexuelle Mëssbrauch vu Kanner;

– Rassistesch, revisionistesch, diskriminatoresch Inhalter;

– Terroristesch Inhalter.