Schnellstart-Guide
SCHNELLSTART-GUIDE
SCHNELLSTART-GUIDE
Ee Luxchat Kont mat Hëllef vu LuxID erstellen
Wann Dir ären Luxchat Kont maacht, da gitt Dir op de Portal vu LuxID ëmgeleet, wou Dir no den néidegen Informatioune gefrot gitt fir Ären LuxID Kont ze erstellen*. De LuxID Kont gëtt duerch eng SMS (“OTP”) verifizéiert déi op Ären Handy geschéckt gëtt.
* oder Ären LuxID Kont ze verifizéiere wann Dir schonn een hutt.
Fir Frontalieren déi keng Lëtzebuergesch Handysnummer hunn, gouf eng Léisung viru kuerzem agefouert. Kontaktéiert w.e.g. info-luxchat(at)lu-cix(dot)lu
Umelle (Login) bei Luxchat
Fir Iech an äre Luxchat Kont an ze logge gitt Dir op de LuxID Portal ëmgeleet deen dofir do ass Iech z’identifizéieren.
Keng Handysnummer an der Luxchat App
Är Handysnummer gëtt just benotzt fir Ären LuxID Kont ze verifizéieren. Är Handysnummer gëtt nimools u Luxchat iwwerdro. D’Luxchat App benotzt Är Handysnummer nët.
Äre Luxchat-Prestataire auswielen
Luxchat ass eng national App, mee Dir kënnt bei Ärer Umeldung Äre Luxchat-Prestataire aus enger Drop-down-Lëscht auswielen.
Mot de passe de sauvegarde
Mat dësem Passwuert kënnt Dir den Historique vun Äre Messagë recuperéieren, wann Dir en neien Telefon kritt. Et ass och obligatoresch, fir Är Noriichten op engem zweete Gerät liesen ze kënnen. Dir gitt automatesch beim éischten “login” gefrot d’Passwuert festzeleeën. Dir kënnt dat och ënnert„Paramètres utilisateur” (Benotzerastellungen) – „Sécurité” (Sécherheet) – „Configurer le mot de passe de sauvegarde” (Backup Passwuert änneren) maachen.
Luxchat-ID
Är Luxchat-ID ass Är eenzegaarteg Identifikatioun am Luxchat. Et ass wéi follegt zesummegesat: @XXXXXXXXXXXX:nom-serveur.lu (zum Beispill: @eowmdnfocifg:01.lu-cix.luxchat.lu).
Dir fannt Är Luxchat-ID:
- Entweder andeems Dir d’Invitatioun an de Chat “Info” akzeptéiert. Dir fannt Är Luxchat-ID an dësem Raum.
Wann Dir d’Invitatioun refuséiert hutt, oder de Raum zougemaach hutt, da kënnt Dir een neie maachen andeems Dir am Annuaire no “Info” sicht. - Oder um iPhone, op Windows, macOS an am Browser andeems Dir op Är Profilfoto uewe lénks op der Luxchat Haaptsäit klickt an dann op “Benotzer Astellungen” klickt.
- Oder op Android andeems Dir op de Menü Ikon uewe lénks op der Luxchat Haaptsäit klickt.
Wéi fannt Dir en anere Luxchat Benotzer: den Annuaire national
Fir en anere Luxchat Benotzer ze fannen:
- Klickt op den “Annuaire” Symbol ënnen um Schierm.
- Gitt den Numm vun der gesichter Persoun an.
- Wann déi gesichte Persoun hiren Numm am Annuaire agedroen huet da fannt Dir hiren Numm a Luxchat-ID.
Et ass wichteg ze wëssen dat am Annuaire just Benotzer si déi ausdrécklech gefrot hunn am Annuaire agedroen ze ginn.
Wéi droen ech mech an den Annuaire national an?
Akzeptéiert d’Invitatioun vum “Gestion présence Annuaire” an tippt dann: !ajouter
Wéi mellt een sech aus dem Annuaire national of?
Gitt an de Chatroom “Gestion présence Annuaire” an tippt dann: !retirer
Wéi kommunizéiert een zu zwee?
- Benotzt de Menü „Commencer une discussion” (Chat starten), deen ugewise gëtt, wann Dir op dat klengt Bläistëft- a Pabeiersymbol um iPhone oder op d’Blos mat de Symboler + an enger Spriechblos op Android ënne riets op Ärem Handy klickt.
- Gitt de Benotzernumm an. Wa kee Resultat ugewise gëtt, steet de Benotzer net am Annuaire.
An deem Fall musst Dir d’Luxchat-ID aginn, déi Dir vum Benotzer, mat deem Dir kommunizéiere wëllt, krut.
- Schéckt en éischte Message.
Wéi kommunizéiert een zu e puer Persounen?
- Benotzt de Menü „Créer un salon” (Chatroom ariichten), deen ugewise gëtt, wann Dir op dat klengt Bläistëft- a Pabeiersymbol um iPhone oder op d’Blos mat de Symboler + an enger Spriechblos op Android ënne riets op Ärem Handy klickt.
- Gitt den Numm vun all Benotzer an. Wa kee Resultat ugewise gëtt, steet de Benotzer net am Annuaire.
An deem Fall musst Dir d’Luxchat-ID aginn, déi Dir vum Benotzer, mat deem Dir kommunizéiere wëllt, krut.
- Schéckt en éischte Message.