Luxchat

Schnellstart-Guide

SCHNELLSTART-GUIDE

SCHNELLSTART-GUIDE

Point-logo
Point-logo
Point-logo

Lëtzebuerger Handysnummer

Fir Luxchat benotzen ze kënnen, musst Dir eng lëtzebuergesch Handysnummer hunn. Fir Frontalieren, déi keng lëtzebuergesch Handysnummer hunn, gëtt den Ament eng Léisung gesicht.

Äre Luxchat-Prestataire auswielen

Luxchat ass eng national App, an där Dir bei Ärer Umeldung Äre Luxchat-Prestataire aus enger Drop-down-Lëscht auswiele kënnt.

LuxID, fir Äre Luxchat-Kont anzeriichten, a Luxchat-Login

Dir musst e LuxID-Kont hunn, fir Luxchat benotzen ze kënnen. Wann Dir Äre Luxchat-Kont ariicht, gitt Dir op de LuxID-Portal ëmgeleet. Hei gitt Dir no den Informatioune gefrot, déi fir d’Kreatioun (oder d’Iwwerpréiwung) vun Ärem LuxID-Kont néideg sinn.

Verschlësselungspasswuert

Mat dësem Passwuert kënnt Dir den Historique vun Äre Messagë recuperéieren, wann Dir en neien Telefon kritt. Et ass och obligatoresch, fir Är Noriichten op engem zweete Gerät liesen ze kënnen. Fir d’Passwuert festzeleeën, klickt op d’Ikon vun Ärem Avatar (Är Foto), dann op „Paramètres utilisateur” (Benotzerastellungen) – „Sécurité” (Sécherheet) – „Configurer” (Konfiguréieren)

Luxchat-ID

Är Luxchat-ID ass Är eenzegaarteg Identifikatioun am Luxchat. Et ass wéi follegt zesummegesat: @XXXXXXXXXXXX:nom-serveur.lu (zum Beispill: @eowmdnfocifg:01.lu-cix.luxchat.lu).

Dir fannt Är Luxchat-ID:
– entweder an dem Chatraum: “Welcome”;
– entweder op iPhone, Windows, macOS a Browser andeems Dir op Är Profilfoto uewen lénks op der Luxchat Haaptsäit klickt an dann op “Benotzer Astellungen” klickt;
– oder op Android andeems Dir op den Menü Ikon uewe lénks op der Luxchat Haaptsäit klickt.

Wéi fannt Dir en anere Luxchat Benotzer: den Annuaire national?

  • Fir en anere Luxchat-Benotzer ze fannen, musst Dir de Menü „Commencer une discussion” (Chat starten) benotzen, deen ugewise gëtt, wann Dir op dat klengt Bläistëft- a Pabeiersymbol um iPhone oder op d’Blos mat de Symboler + an enger Spriechblos op Android ënne riets op Ärem Handy klickt.
  • Gitt den Numm vun der Persoun an, déi Dir sicht:
    • entweeder gëtt hiren Numm ugewisen;
    • oder si steet net ënnert dësem Numm am Annuaire.

Et gëtt drop higewisen, datt an dësem Regëster nëmme Benotzer agedroe sinn, déi hiren Accord ginn hunn.

Wéi dréit ee sech an den Annuaire national an?

Akzeptéiert d’Invitatioun vum Annuaire national an tippt dann: !ajouter

Wéi mellt ee sech aus dem Annuaire national of?

Gitt an den Chatroom „Annuaire National” an tippt dann: !retirer

Wéi kommunizéiert een zu zwee?

o   Benotzt de Menü „Commencer une discussion” (Chat starten), deen ugewise gëtt, wann Dir op dat klengt Bläistëft- a Pabeiersymbol um iPhone oder op d’Blos mat de Symboler + an enger Spriechblos op Android ënne riets op Ärem Handy klickt.

o   Gitt de Benotzernumm an, a wa kee Resultat ugewise gëtt, steet de Benotzer net am Annuaire.

o   An deem Fall musst Dir d’Luxchat-ID aginn, déi Dir vum Benotzer, mat deem Dir kommunizéiere wëllt, krut.

o   Schéckt en éischte Message.

Wéi kommunizéiert een zu e puer Persounen?

o   Benotzt de Menü „Créer un salon” (Chatroom ariichten), deen ugewise gëtt, wann Dir op dat klengt Bläistëft- a Pabeiersymbol um iPhone oder op d’Blos mat de Symboler + an enger Spriechblos op Android ënne riets op Ärem Handy klickt.

o   Gitt den Numm vun all Benotzer an, a wa kee Resultat ugewise gëtt, steet de Benotzer net am Annuaire.

o   An deem Fall musst Dir d’Luxchat-ID aginn, déi Dir vum Benotzer, mat deem Dir kommunizéiere wëllt, krut.

o   Schéckt en éischte Message.