Luxchat

Ekosystem

EKOSYSTEM

Point-logo
Point-logo
Point-logo

Den Ekosystem „Luxchat Privatleit a Betriber” (Luxchat) besteet aus verschiddene Prestatairen, déi den Instant-Messaging-Déngscht Luxchat ubidden. Si alleguer respektéieren a wenden ënner anerem déi follgend technesch, betribstechnesch a juristesch Bedéngungen un:

  • Obligatoresch Enn-zu-Enn-Verschlësselung vun den Noriichten;
  • Eng IT-Infrastruktur, déi zu Lëtzebuerg gehost a bedriwwe gëtt;
  • Oppe Kommunikatioun tëscht de Luxchat-Prestatairen;
  • Keng Reklammen an der Applikatioun;
  • Keng Vermaartung vu Benotzerdaten.

Fir d’Innovatioun, d’Kreativitéit an d’Entwécklung vum ICT-Maart ze fërderen, steet et all Prestataire fräi, e gratis oder bezuelte Kommunikatiounsdéngscht fir Privatleit an/oder Entreprisen unzebidden, z. B. e Premium-Service mat Valeur ajoutée.

Luxchat liwwert d’Basis fir d’Entwécklung vun neien innovativen Déngschter (gratis oder bezuelt), déi sech op d’Vertrauensbasis an den nationalen Ekosystem vun de Messenger-Déngschter stäipen.

De Benotzer ka säi Luxchat-Prestataire iwwer eng Dropdown-Lëscht an der „App” wielen.

Méi Informatiounen iwwer den techneschen Deel vu Luxchat fannt Dir op der Säit „Technesch Detailer”.