Den Ekosystem „Luxchat Privatleit a Betriber” (Luxchat) besteet aus verschiddene Prestatairen, déi den Instant-Messaging-Déngscht Luxchat ubidden. Si alleguer respektéieren a wenden ënner anerem déi follgend technesch, betribstechnesch a juristesch Bedéngungen un:
Obligatoresch Enn-zu-Enn-Verschlësselung vun den Noriichten;
Eng IT-Infrastruktur, déi zu Lëtzebuerg gehost a bedriwwe gëtt;
Oppe Kommunikatioun tëscht de Luxchat-Prestatairen;
Keng Reklammen an der Applikatioun;
Keng Vermaartung vu Benotzerdaten.
Fir d’Innovatioun, d’Kreativitéit an d’Entwécklung vum ICT-Maart ze fërderen, steet et all Prestataire fräi, e gratis oder bezuelte Kommunikatiounsdéngscht fir Privatleit an/oder Entreprisen unzebidden, z. B. e Premium-Service mat Valeur ajoutée.
Luxchat liwwert d’Basis fir d’Entwécklung vun neien innovativen Déngschter (gratis oder bezuelt), déi sech op d’Vertrauensbasis an den nationalen Ekosystem vun de Messenger-Déngschter stäipen.
De Benotzer ka säi Luxchat-Prestataire iwwer eng Dropdown-Lëscht an der „App” wielen.
Méi Informatiounen iwwer den techneschen Deel vu Luxchat fannt Dir op der Säit „Technesch Detailer”.